Um Sonnde war d'Suite vum 8. Spilldag an der LBBL bei den Hären.

Dobäi konnten sech déi zwou stäerksten Ekippen aus dem Championnat, d'Résidence Walfer an d'Amicale Steesel, eng weider Victoire sécheren a bleiwe punktgläich un der Tabellespëtzt vun der Liga. Um Freiden an um Samschdeg sinn déi aner Matcher vum 8. Spilldag gespillt ginn.

Hären

D'Résidence Walfer huet auswäerts mat 91:80 géint den Opsteiger Mamer gewonnen. D'Gäscht konnten sech mat engem staarken drëtte Véierel (29:16) entscheedend ofsetzen. De Leon Ayers konnt mat 27 Punkten iwwerzeegen, donieft huet den Nationalspiller Oliver Vujakovic 21 Punkte markéiert.

D'Amicale Steesel huet sech auswäerts mat 88:79 géint de Gréngewald Hueschtert duerchgesat. D'Lokalekipp louch an der Paus mat 29:38 hannen, huet sech awer zeréck an de Match gekämpft an dem Favorit vu Steesel d'Liewe schwéier gemaach. Kuerz viru Schluss vum Match hat de Gréngewald de Réckstand op just 4 Punkte verkierzt. Um Enn konnt sech d'Ekipp vum Trainer Daniel Brandao awer behaapten. De Christopher Barton Jr huet dobäi 27 Punkte fir Steesel markéiert.