Lëtzebuerg wënnt no staarker Leeschtung géint Bosnien-Herzegowina
Um Sonnden huet d'Dammennationalekipp den zweete Match vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2025 gespillt.
De Géigner virun 800 Leit an der Coque um Kierchbierg war Bosnien-Herzegowina, Nummer 17 op der Welt an Nummer 7 an Europa an der FIBA-Ranglëscht. Lëtzebuerg huet e staarke Start an de Match erwëscht an hat séier e Virsprong vun iwwer 10 Punkten. D'Ehis Etute an d'Magaly Meynadier waren net ze stoppen, d'Etute hat schonn an der éischter Hallschecht 18 Punkten um Kont. D'Ekipp vum Trainer Mariusz Dziurdzia huet och als Ekipp iwwerzeegt an no 20 Minutte stoung et iwwerraschend 47:34 fir Lëtzebuerg.
Nom Säitewiessel hunn d'Rout Léiwinne weiderhi kollektiv begeeschtert, si waren dacks e Schrëtt méi séier wéi de Géigner. Mat enger 59:47-Féierung ass et an de leschte Véierel gaangen. An dësem Véierel konnt d'Heemekipp de Virsprong séier op 15 Punkten ausbauen an d'Iwwerraschung ass ëmmer méi no geréckelt.
Zwar huet Bosnien-Herzegowina de Réckstand nach emol verkierzt, mee Lëtzebuerg hat ëmmer déi richteg Äntwert parat. Um Enn gewënnt Lëtzebuerg 77:64, eng Leeschtung, déi een als grouss Iwwerraschung kann astufe géint e Géigner, deen an der Weltranglëscht 49 Plaze besser klasséiert ass.
D'Ehis Etute huet bei enger insgesamt kollektiver Leeschtung vu Lëtzebuerg mat 25 Punkten a 14 Rebounds iwwerzeegt.
Kuckt um RTL Play de Match am Replay.
Um Donneschden hat Lëtzebuerg sech mat 56:48 an der Schwäiz duerchgesat, an der Tabell huet d'Dammennationalekipp domat zwou Victoiren no zwee Spilldeeg um Kont. Déi nächst Matcher an dëser Competitioun stinn am November 2024 um Programm.
An der Paus vum Match goufen d'U18-Meedercher vun der FLBB geéiert, dat well si bei der U18-Europameeschterschaft am Summer déi zweete Plaz vun der Divisioun B areecht hunn.

© Kim Thesen