Um Donneschden huet d'Dammennationalekipp an der Schwäiz den éischte Match vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2025 gespillt.

Lëtzebuerg ass gutt an de Match gestart a konnt mat flotten Aktiounen e Virsprong vu 5 Punkten erausspillen. D'Lokalekipp huet allerdéngs reagéiert, d'Toppspillerin Evita Herminjard huet d'Schwäiz a kuerzer Zäit nees a Féierung bruecht. Am zweete Véierel sinn d'Schëss vu Lëtzebuerg och manner gutt gefall an d'Schwäiz ass mat engem Virsprong vun 31:26 an d'Paus gaangen.

Nom Säitewiessel sollt sech en enorm spannende Match entwéckelen. Lëtzebuerg ass am drëtte Véierel duerch e staarkt Esmeralda Skrijelj am Match bliwwen a louch no 30 Minutten just 1 Punkt am Réckstand. Am leschte Véierel hat d'Ekipp vum Trainer Mariusz Dziurdzia eng ganz staark Phas a konnt sech ofsetzen. Um Enn behält Lëtzebuerg d'Nerven a wënnt nom November 2022 eng zweete Kéier noeneen an der Schwäiz, dës Kéier mat 56:48. D'Ehis Etute konnt mat 14 Punkten an 12 Rebounds iwwerzeegen, Catherine Mreches huet 15 Punkte markéiert an d'Esmeralda Skrijelj hat 16 Punkten um Kont.

Op RTL Play kënnt dir de Match nach emol am Replay kucken.

Bescht Zeene vum Match

Um Sonnde steet den zweete Match vun der Qualifikatioun um Programm, dat um 17 Auer an der Coque um Kierchbierg géint Bosnien.