D'Jonge vum Trainer Mario Mutsch waren hiren hollänneschen Alterskolleegen ënnerleeën.

An dësem Qualifikatiounsmatch vun eisen U19 war iwwert déi 90 Minutten hin dach e klore Klassenënnerscheed tëschent deenen 2 Ekippe festzestellen. D'Alterskolleegen aus Holland, mat Spiller aus Spëtzeveräiner wie Ajax, Eindhoven oder Feyenoord hu vun Ufank un hire Géigner ganz héich gepresst. An dat mam Resultat, datt déi éischt 45 Minutte sech bal ausschliisslech an der Hallschent vun de roude Léiwen ofgespillt hunn.

Bei der Iwwerleeënheet vun den Hollänner konnt ee sech d'Fro stellen, wéi laang et géif daueren, bis si a Féierung kéinte goen. Dat war eréischt de Fall an der 35. Minutt. D'Gäscht hu vun engem Ballverloscht profitéiert an et war de Babadi, dee seng Ekipp mat 1:0 a Féierung bruecht huet.

Nëmme kuerz duerno gouf et déi eenzeg geféierlech Aktioun vun de Lëtzebuerger. No engem Solo vum Lohei huet de Videira deem säi Centre en retrait nëmme knapp iwwert de Gol gesat.

Kurz virun der Paus sollten d'Gäscht awer nach een drop setzen. D'Lëtzebuerger Defense krut de Ball net aus der Geforenzone an et war de Land, dee vun engem schlechten Degagement profitéiert huet, fir d'Resultat mat engem Sondesschoss op 2:0 zu Gonschte vum Oranje Team ze erhéijen.

Mat enger taktescher Ëmstellung sinn déi rout Léiwen an der 2. Hallschent besser an de Match komm an haten elo méi Golgeleeënheeten, wéi hei duerch den Dardardi.

Déi meescht a geféierlechst sinn awer weider op de Compte vun den Hollänner gaangen. Déi technesch verséiert Nowuesspiller hu sech mat flotte Kombinatiounen ëmmer erëm Golchancen erausgespillt.

Eng aner Kéier huet dann och Mol d'Lat fir de Keeper Margato gerett, esou datt d'Néierlag och hätt kéinte méi héich ausfalen.

D'rout Léiwen hunn awer bis zum Enn gekämpft. Op hir Leeschtung an der zweeter Hallschent kann een opbauen am Hibléck op Matcher géint Bosnien e Samschdeg an Aserbaidschan nächsten Dënschdeg.