Christophe Nickels a Gilles Kremer wannen d'Finall am Dubbel

© FLT Facebook
Bei den FLT Masters stoungen um Samschdeg d'Halleffinallen am Simpel an d'Finallen am Dubbel um Programm.
Am Dubbel bei den Häre konnten de Christophe Nickels an de Gilles Kremer sech no enger ausgeglachener Finall géint den Can Ayral an de Charles Berna iwwer den Titel freeën. Nodeems béid Duoen ee Saz mat 6:4 gewonnen haten, ass et an de Match-Tie-Break gaangen, deen Nickels a Kremer mat 10:7 fir sech entscheede konnten.
Bei den Damme war d'Victoire iwwerdeems fir d'Lucie Rabiot an d'Tatiana Silbereisen. Nodeems si den éischte Saz mat 6:3 gewanne konnten, huet den Duo Laura Correia an Anne de Bourcy du mam 7:6 fir den Ausgläich gesuergt. Och hei ass d'Decisioun soumat am Match-Tie-Break gefall, an deem Rabiot a Silbereisen sech du knapp mat 10:8 duerchgesat hunn.
Am Simpel bei den Hären huet de Christophe Nickels sech ouni Problemer an zwee Sätz (6:3, 6:0) géint de Robi Tholl duerchgesat. Och de Gilles Kremer huet sech géint den Noé Plique an zwee Sätz (6:2, 6:3) den Anzuch an d'Finall geséchert. Domat treffen d'Dubbel-Gewënner e Sonndeg de Mëtteg an der Finall openeen.
Bei den Dammen gouf et an der éischter Halleffinall fir d'Laura Palumbo eng Victoire an zwee Sätz (6:3, 6:2) géint d'Else Vander Stichele. D'Leila Fabbri huet sech iwwerdeems och an zwee Sätz (3:6, 1:6) géint d'Lucie Rabiot misse geschloe ginn. Och déi Finall gëtt um Sonndeg de Mëtteg am CNT zu Esch gespillt.