De Weekend stinn am Biathlon déi nächst Weltcup-Courssen zu Östersund a Schweden um Programm.

Fir den Optakt stounge Staffelen um Programm. Souwuel e Mëttwoch bei den Dammen, wéi och en Donneschdeg bei den Hären ass d'Victoire un Norwegen gaangen.

Bei den Hären hunn d'Norweger mat der Victoire hir beandrockend Serie an der Staffel ausgebaut. Schonn déi lescht Saison hate si déi fënnef Staffele gewonnen. En Donneschdeg hunn d'Gebridder Tarjei a Johannes Thingnes Bö wéi och Endre Strömsheim a Vetle Sjaastad Christiansen de Konkurrente keng Chance gelooss. Frankräich ass no de 4x7,5km mat engem Retard vun 20,6 Sekonnen als Zweeten ukomm. Déi drëtte Plaz war fir Däitschland. Si hate mat enger Strofronn e Réckstand vu 50,5 Sekonnen.

Bei den Dammen haten d'Norwegerinnen (keng Strofronn) no 4x6km eng Avance vun 41,6 Sekonnen op d'Ekipp aus Schweden (1 Strofronn). Op déi drëtte Plaz ass Däitschland (keng Strofronn) gelaf, dat mat engem Retard vu 47,9 Sekonnen.