Walfer steet no Victoire géint d'Fiels am Final4
No enger Serie vun dräi Néierlagen am Championnat war der Residence e Mëttwochowend gelongen, nees an d'Erfollegsspuer ze fannen.
D'Residence Walfer huet seng an der Véierelsfinall vun der Coupe op eng imposant Manéier mat 98:80 géint Arantia Fiels duerchgesat.
Mat aggressivem Basket konnt Walfer der Arantia vun Ufank un d'Liewe schwéier maachen. D'Gäscht hate kee Problem, den oppene Mann ze fannen, an hunn de Ball gutt dréine gelooss, ouni dass d'Fiels eng Äntwert parat hat.
No der Paus konnt Walfer den Tempo bäibehalen a wosst de Match souverän ze geréieren. D'Fiels huet et dem Géigner awer och net ze schwéier gemaach. Um Enn ass et de Fielser gelongen, den Ecart op ënner 20 Punkten ze drécken.
Mann vum Match war de Leon Ayers op Walfer Säit, dee 34 Punkten a 16 Rebounds bäigesteiert huet. Bei der Fiels war de Fransous Mykola Maindron mat 31 Punkte beschte Scorer.