Den FLA-Athlet Charel Grethen huet op der Strooss iwwer 10 Kilometer e neie Lëtzebuerger Rekord realiséiert.

An der Géigend vu Paräis, op der "Corrid de Houilles Elite Race" ass hien mat enger Zäit vun 29 Minutten an 11 Sekonnen op déi 4. Plaz gelaf. Domat war hie ganzer 46 Sekonne méi Séier wéi de Bob Bertemes bei sengem Rekord am Joer 2022.

An der Coque war um Samschdeg iwwerdeems de Regio1-Meeting. An och hei goufen et eng sëlleg nei Rekorder.