Schi Alpin
Vlhova wënnt Slalom zu Courchevel

© AFP
D'Petra Vlhova huet sech zu Courchevel a Frankräich knapp virum Mikaela Shiffrin duerchgesat.
Mat engem staarken zweeten Duerchgang konnt d'Slowakin sech um Enn knapp virun der US-Amerikanerin behaapten. 24 Honnertstel si fir d'Victoire duergaangen. Als Drëtt huet sech d'Éisträicherin Katharina Truppe behaapt. Si hat e Réckstand vun 2,06 Sekonnen.
Am meeschte gelies