CMCM-Indoor-Meeting dëse Sonndeg an der Coque an am Stream

© AFP (Archiv)
Déi 21. Editioun vum CMCM-Indoor-Meeting an der Coque ass fir dëse Sonndeg programméiert.
D'Organisateuren hunn d'Zil, fir dëse Meeting zu engem vun den Top-Evenementer an Europa ze maachen. Nieft engem excellente Plateau un Athletinnen an Athlete setzt een e Sonndeg och op nei Technologie. Sou gëtt zum Beispill fir d'Courssen iwwer d'Mëttelstrecken op déi sougenannte 'Wavelight' zréckgegraff, déi de Leefer, wéi op anere groussen internationalen Eventer, als Hues déngt.
Och ouni de Charel Grethen an d'Vera Hoffmann, déi allebéid am Stage sinn, ka sech d'Lëtzebuerger Participatioun weise loossen. D'Patrizia van der Weken huet sech an de leschte Wochen an excellenter Form gewisen. Virun eegenem Publik wäert d'Sportlerin vum Joer 2023 alles drusetzen, fir sech vun hirer beschter Säit ze weisen. Am Bommstousse kritt de Bob Bertemes zolidd Konkurrenz. D'Nummer 12 an der Weltranglëscht vum leschte Joer wäert alles drusetzen, fir de Concours genee wéi d'lescht Saison ze gewannen. Och international ass de Meeting ganz staark besat. D'Detailer vun den ugekënnegte Sportler fannt Dir am Communiqué vun der Liichtathletikfederatioun. Den Indoor-Meeting fänkt e Sonndeg um 15 Auer mat engem Virprogramm un. Vu 16 Auer u sinn dann déi 12 Epreuvë vum internationale Meeting programméiert. Op RTL.lu kënnt Dir de Meeting vu 16 Auer un am Livestream kucken.
Virfreed op den internationale Meeting gëtt et och beim Lëtzebuerger Nowuess an der Liichtathletik. Si ware rezent fir e Stage zesummekomm a wäerten de Weekend beim Meeting mat agebonne ginn.