E Freideg war den Optakt vun der 24. Editioun vum CMCM Euro Meet an der Coque.

600 Schwëmmer a Schwëmmerinnen aus 25 Länner si bis e Sonndeg am Asaz. Ënnert hinnen eng Rei Superstaren. E Freideg huet besonnesch d'Finall iwwer 50 Meter Papillon d’Blécker op sech gezunn.

RTL

© Val Wagner

Dëst Joer ass den CMCM Euro Meet eng interessant an explosiv Mëschung vu Superstaren, jonke Shootingstars an enger Rei vu Schwëmmer, déi eng Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller am Viséier hunn. Dat alles bewierkt eng héich Densitéit.
 Mat der A-Final iwwer 50 Meter Papillon koum et direkt um 1. Dag zu engem Héichpunkt. Weltklassschwëmmer sinn hei géinteneen ugetrueden - den Ungar József Szabó Weltrekordler iwwert dës Distanz am klenge Baseng, den 19 Joer ale Rumän David Popovici Weltrekordler op den 100 Meter Crawl an den 19 Joer ale Portugis Diogo Ribeiro Vizeweltmeeschter  op de 50 Meter Papillon, a last not least de Südafrikaner Chad Le Clos mat 52 internationale Medailen.

Dem Lëtzebuerger Julien Henx ass et gelongen, sech a senger net-olympescher Paradedisziplin als 9. an de Serië fir d’A-Finall ze qualifizéieren. Wärend deene ronn 24 Sekonne kann all klenge Feeler fatal sinn an d’Victoire oder d’Defaite hänken dacks un engem dënne Fuedem. Den Diogo Ribeiro hat um Enn d’Nues vir an de Julien Henx gouf 9..

De Joa Caneiro an de Florian Frippiat stoungen allebéid um Startblock vun der A-Finall iwwer 200 Meter Papillon. Fir de Florian Frippiat war et en Erfolleg, fir an dëser Finall derbäi ze sinn. De Joao Caneiro konnt sech als 4. klasséieren, net wäit ewech vu sengem eegenen nationale Rekord.

Dat jonkt 16 Joer jonkt Nowuesstalent Leeloo Reinesch hat sech bei den Damme fir d’B-Finall qualifizéiert a gouf 5..

All d'Resultater vum 1. Dag fannt Dir hei.

Och e Samschdeg an e Sonndeg kënnt Dir den CMCM Euro Meet live op RTL ZWEE an am Livestream op RTL.lu suivéieren.