Lëtzebuerg um Freideg a Samschdeg géint Kolumbien gefuerdert

© FLT
Zu Bogota goufen en Donneschdeg d'Matcher vum Davis Cup tëscht Kolumbien a Lëtzebuerg an de Playoffe vun der World Group I ausgeloust.
En Donneschdeg um 1. Dag kritt de Chris Rodesch et am Simpel mam Nicolás Mejía ze dinn. Fir den Alex Knaff geet et géint den Adria Soriano. Gespillt gëtt e Freideg vun 18.30 Auer Lëtzebuerger Zäit un.
E Samschdeg geet et da weider. Am Dubbel trëtt d'Lëtzebuerger Koppel Alex Knaff / Chris Rodesch géint den Duo Nicolás Barrientos / Christian Rodríguez un. An an de Simpele spillt den Alex Knaff géint den Nicolás Mejía an de Chris Rodesch géint den Adria Soriano. E Samschdeg fänken d'Matcher um 17 Auer Lëtzebuerger Zäit un.
Gespillt gëtt am Club Bellavista Colsubsidio zu Bogota.
De Kapitän Gilles Muller huet och nach den Aaron Gil Garcia, de Raphael Calzi an de Gilles Kremer mat a Kolumbien geholl.
Sollt Lëtzebuerg géint Kolumbien gewannen, da klëmmt een an de World Group I.