Lëtzebuerg geet mat 2:0 géint Kolumbien a Féierung

© FLT
Am Tennis Davis Cup geet et fir Lëtzebuerg géint Kolumbien ëm den Opstig an de World Group I.
Nicolas Mejia (ATP 411) - Chris Rodesch (ATP 648): 6:7, 3:6
De Chris Rodesch hat e gudde Start an de Match fonnt a konnt dem Meija den Opschlag ofhuelen. Séier war de Lëtzebuerg 3:0 vir a stoung bei 5:2 kuerz virun dem Gewënn vum 1. Saz. Ma de Kolumbianer konnt nach emol erukommen an op 5:5 ausgläichen. De Chris Rodesch krut säi Service duerno duerch a konnt op 6:5 setzen. Ma och de Mejia huet säi Service duerchbruecht an et koum zu engem Tiebreak, bei deem de Lëtzebuerger déi besser Nerven hat. Den 1. Saz goung domat mat 7:6 un de Chris Rodesch.
Och am zweete Saz konnt de Lëtzebuerger dem Kolumbianer direkt de Service ofhuelen an du mat 2:0 a Féierung goen. Beim Stand vu 5:3 fir de Chris Rodesch hat hien en éischte Matchball, dat beim Service vum Mejia. Dee konnt de Lëtzebuerger dann och direkt ëmsetzen an den zweete Saz mat 6:3 fir sech entscheeden. Domat stoung et 1:0 fir Lëtzebuerg géint Kolumbien.
Adria Soriano (ATP 593) - Alex Knaff (ATP 500): 4:6, 6:2, 4:6
Am zweete Match krut den Alex Knaff et mam Adria Soriano ze dinn, deen am ATP-Ranking hannert dem Lëtzebuerger klasséiert ass aktuell. De Knaff hat e perfekte Start geroden, well och hie konnt sengem Géigner direkt de Service ofhuelen. De Break konnt hien dann och duerch de ganzen 1. Saz halen, wouduerch en um Enn mat 6:4 zu Gonschte vum Lëtzebuerger ausgaangen ass, dat no ronn 45 Minutte Spillzäit.
Am zweete Saz war et de Soriano dee beim Stand vun 2:1 de Lëtzebuerger konnt breaken fir op 3:1 ze erhéijen. Dovu sollt den Alex Knaff sech net erhuelen an de Saz geet um Enn mat 6:2 un de Kolumbianer Soriano.
Et huet deemno mussen en drëtten an decisive Saz gespillt ginn. Dëse war laang Zäit ausgeglach, bis de Soriano beim Stand vun 3:3 säin Opschlagspill huet mussen ofginn, wouduerch de Knaff mat 4:3 a Féierung goung an du säi Service duerchbruecht huet fir op 5:3 ze erhéijen. De Soriana huet duerno konnten op 5:4 verkierzen ma de Knaff hat bei eegenem Opschlag d'Geleeënheet de Match fir sech ze entscheeden. No 2 Stonnen a 5 Minutten konnt de Knaff säin Opschlagspill zu 0 duerchbréngen an den decisive Saz mat 6:4 fir sech entscheeden.
Domat ass Lëtzebuerg no den zwee éischte Simpele mat 2:0 a Féierung.
E Samschdeg geet et dann am Club Bellavista Colsubsidio zu Bogota weider. Am Dubbel trëtt d'Lëtzebuerger Koppel Alex Knaff / Chris Rodesch géint den Duo Nicolás Barrientos / Christian Rodríguez un. An an de Simpele spillt den Alex Knaff géint den Nicolás Mejía an de Chris Rodesch géint den Adria Soriano. E Samschdeg fänken d'Matcher um 17 Auer Lëtzebuerger Zäit un.
De Kapitän Gilles Muller huet och nach den Aaron Gil Garcia, de Raphael Calzi an de Gilles Kremer mat a Kolumbien geholl.
Sollt Lëtzebuerg géint Kolumbien gewannen, da klëmmt een an de World Group I.