Jee no Disziplin hu Fraen et dacks méi schwéier
Vu groussen Ënnerscheeder bei Verdéngscht an Unerkennung, bis hin zu Sexismus.
Zenter 2019 schaffen d'Servicer fir Chancëgläichheet a Sport vun der Gemeng Esch verstäerkt zesummen, dat och mam Nationalefraerot, fir de Fraesport an der Gemeng virun ze bréngen. 2023 koum eng Charte an e Label bäi, fir d'Veräiner an d’Clibb ze encouragéieren, méi ze ënnerhuelen. Zuele vun 2021 hunn nach emol gewisen, datt dëst net vu Muttwëll wier an et an den Escher Sportsveräiner en Ongläichgewiicht gëtt, méi wéi 2/3 ware Männer (69%).
"(...)Ab dem Alter wou Frae Kanner kréien, an dann 1-2 Kanner hunn, gesäit een datt se den organiséierte Sport an de Veräiner vernoléissegen, well se da Beruff Kanner a Sport net méi gutt ënnert den Hutt kréien", sou d'Nicole Jemming vum Service fir Chancëgläichheet vun der Gemeng Esch.
Een neien Usaz mat Succès war do d’Aféiere vum Programm Intégration par le sport, aktuell hu sech do 209 Fraen agedroen. Am Kader vum Internationalen Dag vum Fraesport de 24. Januar goufen et eng Woch laang eng ganz Partie Aktiounen, an déi Kéier haten och schonn 11 aner Gemenge mat gemaach. Zil war, ënnert anerem mat Stereotyppen ze briechen, a Sportsatelieren ze weisen, datt och Meedercher kënne boxen a Jongen och danzen, oder och Pappe mat hire Meedercher an e Zumba-Cours kënne goen.
An eenzele Sportsdisziplinnen trainéiere Meedercher awer schonn eng Zäit genee d'selwecht wéi d’Jongen an hunn déi selwecht Chancen, weider ze kommen. Dat ass zum Beispill beim Skateboarden de Fall.
Zu Hollerech an der Skatehal si sonndes och Meedercher am Cours vun der Sunday Skate School.

© Violetta Caldarelli
"Zenter ongeféier 10 Joer mierken ech, datt ëmmer méi Meedercher kommen, an haut ass et 50/50 (... ) D'Demande klëmmt, mee wat schued ass, datt mer nach keng Trainerinnen hunn, eis Meedercher wäre bestëmmt stolz, wann endlech eng Fra dobäi wär", sou den Nicolas Thillen, Trainer beim Skateboard Club Luxembourg.
Eng Damm mat enger impressionnanter Karriär, wéi et nach ganz wéineg Sportlerinnen op héijem Niveau gouf, ass d'Sylvie Hülsemann, déi de Präis vum beschte Sportl-ER krut, wéi si 1961 Weltmeeschterin am Waasserschi gouf. Deemools gouf et nach kee fir dat anert Geschlecht. Ma dee gouf kuerz drop agefouert a spéider gouf d’Sylvie Hülsemann nach zweemol Sportler-IN vum Joer.
Am Reportage kommen nach eng Rei Sportlerinnen zu Wuert. Dorënner déi, déi nawell schwéier Zäiten erlieft hunn, z.B Futtball gespillt hunn an do dacks sexistesch Remarken an aner Frechheete gesot kruten, dat iwwer Ausschnëtter aus dem Documentaire vum Tessy Troes "Um Ball", deen de laangen haarde Wee vum Fraefuttball zu Lëtzebuerg opgräift.