Lëtzebuerg verpasst den Opstig an de Weltgrupp I

© Federación Colombiana de Tenis
D'Lëtzebuerger Ekipp vum Kapitän Gilles Muller war e Freideg an e Samschdeg zu Bogota a Kolumbien am Tennis - Davis Cup gefuerdert.
No de Simpel-Victoirë vum Chris Rodesch an Alex Knaff louch Lëtzebuerg nom 1. Dag vum Playoff vun der Weltgrupp I mat 2:0 géint Kolumbien a Féierung. Um 2. Dag konnt Lëtzebuerg net un deen Erfolleg uknäppen an huet d'Féierung aus der Hand ginn, fir sech um Enn misse mat 2:3 geschloen ze ginn. Domadder verpasst d'Ekipp vum Kapitän Gilles Muller den Opstig an de Weltgrupp I a wäert weiderhin an der Weltgrupp II vertruede sinn.
E Samschdeg waren am Dubbel den Alex Knaff an de Chris Rodesch hire Géigner Nicolas Barrientos/Cristian Rodriguez um Enn an dräi Sätz mat 3:6, 7:6 an 1:6 ënnerleeën, an de Simpelen huet den Alex Knaff sech missen dem Nicolas Mejia an zwee Sätz mat 2:6 an 3:6 geschloen ginn, de Chris Rodesch huet am leschten an decisive Match och an zwee Sätz mat 3:6 a 6:7 géint den Adria Soriano verluer.
E Freideg hat sech de Chris Rodesch an zwee Sätz mat 7:6 a 6:3 géint den Nicolas Mejia behaapt. Den Alex Knaff war dem Adria Soriano an dräi Sätz mat 6:4, 2:6 a 6:4 iwwerleeën.
Nieft dem Alex Knaff an dem Chris Rodesch hunn den Aaron Gil Garcia, de Raphael Calzi an den Gilles Kremer der Ekipp vum Kapitän Gilles Muller ugehéiert.