Am Schisprangen kann d'Silje Opseth sech iwwer ee souveräne Succès freeën.

Am Schi Alpin zu Chamonix a Frankräich ass dem Daniel Yule eng historesch Victoire gelongen. Nodeems de Schwäizer am éischten Duerchgang vum Slalom als 30. just knapp an d'Finall komm ass, huet hien et am zweeten Duerchgang nach op déi 1. Plaz gepackt. De Yule huet dovu profitéiert, dass d'Piste mat der Zäit ëmmer méi nogelooss huet a sou fir déi aner Slalomleefer méi schwéier ginn ass. Säi Landsmann Loïc Meillard ass mat engem Retard vu 0.16 Sekonnen op déi 2. Plaz komm, Drëtten ass de Fransous Clément Noël ginn.

Bei den Damme gouf et am Schisprangen zu Willingen an Däitschland eng souverän Victoire vum Silje Opseth. D'Norwegerin konnt mat 229.80 Punkten hiren fënnefte Weltcup-Succès feieren. Déi jonk Slowenin Nika Prevc ass op déi zweet Plaz komm, wärend d'Yuki Ito aus Japan op Plaz 3 gesprongen ass.

Bei den Häre konnt den Däitschen Andreas Wellinger sech iwwer eng Heemvictoire freeën. Mat 237.60 Punkten no Spréng iwwer 139 an 149 Meter louch hie knapp virum Japaner Ryoyu Kobayashi. Komplettéiert gouf de Podium vum Gregor Deschwanden aus der Schwäiz.