Enttäuschung bei Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp ass grouss

A Kolumbien hat een d'Chance, an d'Weltgrupp 1 opzesteigen. Ma aus enger 2:0-Féierung gouf zum Schluss eng 2:3-Néierlag.
Et sollt net sinn, an dach ass et haart. Déi Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp war zu Bogota a Kolumbien ganz no drun, fir an de Weltgrupp 1 opzesteigen. Um Enn verléiert d'FLT-Formatioun awer 2:3, an dobäi waren Knaff a Rodesch nom éischten Dag nach 2:0 vir.
No den zwee éischte Simplen hat een am Fong geduecht, dat Schwéierst wär gemaach. Dat war awer net de Fall. Den Dubbel an déi zwee lescht Eenzel hunn den Alex Knaff an de Chris Rodesch verluer. Déi zwee Simplen goufen direkt nom Dubbel gespillt. Nodréiglech kann ee sech natierlech d'Fro stellen, ob et net besser gewiescht war, Rodesch a Knaff fir d'Eenzel ze schounen. Déi Iwwerleeung gouf gemaach, et wollt een awer esou séier wéi méiglech de Sak zoumaachen, esou de Kapitän vun der Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp Gilles Muller.
Zu Bogota gouf op enger Héicht vun 2.625 Meter gespillt. De Gilles Muller léisst dat awer och net als Excuse gëllen, datt dat ze vill ongewinnt fir seng Spiller war. Elo muss dat Ganzt awer emol verdaut ginn, d’Enttäuschung ass riseg, seet de Kapitän vun de Lëtzebuerger.
Lëtzebuerg hätt déi grouss Chance gehat, fir vun der Europa-Afrika Grupp 3 an de Weltgrupp 1 opzesteigen. Wéi sot de Gilles Muller, et sollt awer net sinn, an elo kann een souwisou näischt méi drun änneren.
Am September geet et fir d'FLT-Formatioun am Weltgrupp 2 weider. E Mëttwoch gëtt d'Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp gewuer, wéi hire Géigner dann heescht.