Haas, Ferrer, Wilander a Bharami um Donneschdeg nees am Centre Atert
No 3 Joer Abstinenz Corona-bedéngt an duerno d'Iwwerschwemmung am Centre Atert ass et erëm esou wäit.
Den Organisatiounscomité steet op feste Féiss, d'Tennislegenden Tommy Haas, David Ferrer, Mats Wilander an de Showmaster Mansour Bahrami sinn ukomm. De Centre Atert mat 1.196 Spectateure war scho virun 3 Wochen ausverkaf. D'Interesse ass grouss, fir en Donneschdeg den Owend de Mix tëschent Show an Tennis um héijen Niveau z'erliewen.
De Mats Wilander, de Schweed mat 7 Grand Slam-Titelen, ass méi nervös virun der Tennisshow, wéi hien dat viru senge gréisste Kompetitioune war. De Spectateuren eng gutt Show presentéieren an als Team ze funktionéieren, dat ass den Challenge fir déi 4.
Och am Alter vu 67 Joer ass de Mansour Bharami nach ëmmer den Entertainer Nummer 1 an der Tenniszeen.