An der Liichtathletik realiséiert de Charel Grethen op en Neits ee Lëtzebuerger Indoor-Rekord, des Kéier iwwer 2000 Meter.

Hie war bei enger Course a Frankräich iwwer 11 Sekonne méi séier wéi de Bob Bertemes beim ale Rekord.

De Charel Grethen war och 3 an eng hallef Sekonn méi séier, wéi  bei sengem eegene Rekord iwwer 2000 Meter dobaussen.

Déi nei Beschtzäit steet elo bei 5 Minutten, 1 Sekonn an 89 Honnertstel.

De leschte Weekend hat de Charel Grethen eréischt eng weider Kéier an dësem Wanter de Lëtzebuerger Rekord iwwer eng Meil verbessert. An der nämmlechter Course huet hien och säin nationale Rekord iwwer 1500 Meter verbessert. De Chrono steet elo bei 3 Minutten, 35 Sekonnen an 99 Honnertstel, 1,10 Sekonne méi séier wéi den ale Rekord aus dem leschte Joer.

15/02/2024 Sprint 18h50 / Sam Rickal