De Lëtzebuerger Sprangreider konnt sech bei engem 3-Stären-Turnéier am spuenesche Valencia géint 40 aner Starter duerchsetzen.

Bei enger vu sengen éischte Kompetitioune mat sengem neie Päerd Foxy de la Roque konnt de Victor Bettendorf beim 3-Stäre-Grand Prix zu Valencia gewannen. Ënner 41 Starter war de Lëtzebuerger de Séiersten. De Bettendorf blouf am Normalëmlaf ouni Strofpunkt a konnt déi bescht Zäit op de Chrono bréngen.

D'lescht Woch gouf hien op der selwechter Plaz den Zweeten.