Gold fir d'Lisa Vittozzi am Eenzel

© Michal Cizek/AFP
Zu Nove Mesto an Tschechien stoung um Dënschdeg den Eenzel iwwer 15 Kilometer bei den Dammen um Programm.
D'Lisa Vittozzi ass no 40 Minutten 2 Sekonnen an 90 Honnertstel iwwer d'Arrivée gelaf an huet sech um Enn d'Goldmedail geséchert. D'Italieenerin huet um Schéissstand kee Feeler geschoss a war och op de Schier séier ënnerwee.
Déi zweet Plaz goung un d'Janina Hettich-Walz aus Däitschland. Si hat e Retard vun 20 Sekonnen a 50 Honnertstel op d'Gewënnerin a blouf beim Schéissen och feelerfräi. De Podium gouf vum Julia Simon aus Frankräich komplettéiert. D'Simon war knapp 30 Sekonne méi lues wéi d'Vittozzi an huet ee Feeler geschoss.
Op d'Plaze 4 a 5 koume mam Selina Grotian a Vanessa Voigt zwou weider Biathletinnen aus Däitschland.