Judo-Federatioun organiséiert Stage fir paralympesch Athleten
E Méindeg hat déi Lëtzebuerger Judo-Federatioun ee Stage fir paralympesch Athleten organiséiert.
Iwwer véier Deeg konnte Sportler mat enger ageschränkter Vue aus deenen ënnerschiddlechste Länner vun der Welt mateneen a géinteneen trainéieren. D’Zil war et, sech beschtméiglech fir de Grand Prix IBSA e Samschdeg an e Sonndeg zu Heidelberg ze preparéieren. Donieft wëll een de Para-Judo zu Lëtzebuerg awer och méi populär maachen.
Viru 5 Joer huet déi Lëtzebuerger Kampfsport Federatioun FLAM de Para-Judo och am Grand-Duché an d’Liewe geruff. Zanter dësem Joer huet de Judo zu Lëtzebuerg elo eng eege Federatioun an et wëll een an Zesummenaarbecht mat der Ouevre Grand-Duchesse Charlotte de Para-Judo zu Lëtzebuerg ausbauen. Dofir huet ee sech mam Projet “JuDo Your Best” och längerfristeg konkret Ziler gesat.
Mat dobäi waren Athleten, déi entweder nëmme wéineg oder guer näischt méi gesinn. Ënner hinnen och de Roberto Lomba, deen och potentiell fir déi Paralympesch Spiller 2028 zu Los Angeles an Amerika a Fro kéint kommen. Dofir kënnen hien an och déi aner op d’Hëllef vun dem Lëtzebuerger Paralympesche Kommitee zielen.
Athleten aus ënner anerem Thailand, Moldawien an och Chile waren e Méindeg an der Coque present. Dës Stage hu si genotzt, fir sech nach eng Kéier beschtméiglech op de Grand Prix IBSA zu Heidelberg dëse Weekend ze preparéieren. Virun allem d’Distanz vu Lëtzebuerg eriwwer an Däitschland huet sou munch Sportler ugelackelt.
Et däerf ee gespaant sinn, wéi sech de Para-Judo zu Lëtzebuerg weiderentwéckelt. A Saachen Inclusioun wier et op jiddwerfalls ee grousse Schratt no fir.