Bei den Damme gewënnt Frankräich souverän Gold. Am Schisprange war et de Retour vum 51 Joer alen Noriaki Kasai beim Sprangen zu Sapporo.

Bei der Biathlon-Weltmeeschterschaft huet Schweden e bëssen iwwerraschend Gold gewonnen. No 4 x 7,5 Kilometer an an enger Zäit vun 1:16:22 koumen d'Schweeden als Éischt an d'Zil, dat virun Norwegen a Frankräich. Däitschland koum op déi ondankbar véiert Plaz. Et hat laang no der nächster Goldmedail fir Norwegen ausgesinn, mee véier Schéissfeeler hunn den Norweger ronderëm de Johannes Thingnes Bö d'Genéck gebrach, soudass Schweden (0 Feeler) dovu profitéiere konnt. Norwegen hat am Zil 11,8 Sekonnen a Frankräich 12,8 Sekonne Réckstand op de Gewënner Schweden.

Am Virlaf waren d'Dammen iwwer 4 x 6 Kilometer am Asaz, wou sech Frankräich souverän viru Schweden an Däitschland Gold séchere konnt. Déi franséisch Ekipp ronderëm déi aktuell ganz staark Julia Simon hat zwar zwou Strofronnen, mee eng staark Lafleeschtung huet si op der éischter Plaz gehalen. Am Zil haten d'Franséisinnen eng Avance vun 38 Sekonnen op Schweden an 1 Minutt 14 Sekonnen op Däitschland. Fir Frankräich war et no der Victoire an der Mixed-Staffel e Mëttwoch déi zweet Goldmedail als Ekipp.

Am norwegesche Kvitfjell huet sech den Niels Hintermann an der Descente duerchgesat. De Schwäizer war 0,08 Sekonne méi séier wéi de Vincent Kriechmayr aus Éisträich. De Kanadier Cameron Alexander huet sech mat engem Retard vun 0,19 Sekonne virum Bryce Bennett aus den USA déi drëtt Plaz gekroopt. De Leader am Weltcup, Marco Odermatt, gouf Siwenten.

D'Descente am Schi Alpin vun den Damme war zu Crans-Montana an der Schwäiz, wou d'Marta Bassino iwwerraschend gewannen an hir éischt Victoire an enger Descente feiere konnt. D'Italieenerin hat 0,54 Sekonne Virsprong op hir Landsfra Federica Brignone. D'Lara Gut-Behrami (+ 1,11) koum no hirer Victoire den Dag virdrun an insgesamt véier konsekutive Victoiren net iwwer déi drëtt Plaz eraus. D'Schwäizerin krut duerch dës Placéierung wichteg Punkten am Weltcup an huet elo eng Avance vun 165 Punkten op d'Mikaela Shiffrin, déi de Moment wéinst enger Blessur pauséiert.

Am Schisprangen huet de Weltcup zu Sapporo a Japan Statioun gemaach. De Stefan Kraft war den dominéierende Mann op der Olympiaschanz vun 1972 an huet seng Kontrahente mat Spréng vun 129 an 139 Meter distanzéiert. Zweete gouf de Lokalmatador Ryoyu Kobayashi mat Spréng op 128,5 an 138,5 Meter. Dem Japaner hu just 0,4 Punkten op den Éisträicher Kraft gefeelt. De Podium gouf vum Däitschen Andreas Wellinger komplettéiert, deen 127,5 an 134 Meter wäit gespronge war. D'Haaptgeschicht vum Sprangen zu Sapporo war awer de Retour vum Noriaki Kasai an déi héchst Kompetitioun am Schisprangen. Den 51 Joer ale Japaner huet sech um Enn als 28. klasséiert a krut souguer Weltcup-Punkten.