Nei national Rekorder vum Charline Mathias a Patrizia van der Weken
E Sonndeg sinn am Indoorchampionnat an der Coque op 800 Meter an op 200 Meter bei den Dammen nei national Rekorder opgestallt ginn.
Dammen
Op den 800 Meter ass et dem Charline Mathias gelongen een neien nationale Rekord bei den Dammen opzestellen. Mat enger Zäit vun 2:01,82 konnt si sech an der Finall virum Vera Hoffmann (2:04,04) an dem Carole Kill (2:11,33) duerchsetzen. D'Leeferinnen op de Plazen Zwee an Dräi konnten heimat iwwerdeems en neie perséinleche Rekord opstellen.
Am Sprint iwwer 200 Meter war et dann d'Patrizia van der Weken, dat en neien nationale Rekord opstelle konnt. Mat enger Zäit vun 23,29 Sekonne louch d'Leeferin an der Finall virum Yaara Puraye (25,72s) an dem Noemi Damaso (25,89s).
Och am Sprint iwwer 60 Meter hat sech d'Patrizia van der Weken mat engem Chrono vu 7,20 Sekonnen duerchgesat. D'Uyana Granger koum dobäi mat 8.06 Sekonnen op déi zweete Plaz, d'Noemi Damaso mat 8,09 Sekonnen op déi Drëtt.
Op den 1500 Meter huet sech d'Vera Hoffmann d'Victoire geséchert. No 4:37,23 Minutten koum d'Leeferin virum Carole Kill (4:46,14) an dem Eloïse Lefevre (4:48,02) als Éischt op der Arrivée un.
En neien nationale Rekord ass et dann och nach am Bommstousse ginn. Hei huet d'Stéphanie Krumlovsky sech mat staarke 15,04 Meter d'Victoire geséchert.
E weideren nationale Rekord gouf et am Dräisprong. D'Melody Koffi huet de 24 Joer ale Rekord vum Claudia Czerwonka ëm 10 Zentimeter op elo 12,26 Meter verbessert.
Hären
Op den 3000 Meter gouf et dann e Succès fir de Charel Grethen, dee sech an der Finall mat enger Zäit vun 8:09,97 virum Tom Reckinger (8:28,47) an dem Charel Weicherding (8:31,09) duerchgesat huet.
Am Bommstousse huet sech op en Neits de Bob Bertemes den nationale Championstitel geséchert. Mat enger Distanz vun 20,86 Meter huet hie senger Konkurrenz keng Chance gelooss. Déi zweet Plaz war fir den Olivier Caron mat 13,59 Meter an déi Drëtt fir den Tom Habscheid mat 12,88 Meter.
Fir de François Grailet ass et an der Finall bei den Hecken iwwer 60 Meter eng Victoire ginn. Mat enger Zäit vun 8,05 Sekonne konnt hie sech virum Claude Godart (8,93s) an dem André Passet (12,36s) behaapten.