Den Norweger konnt sech zu Nove Mesto fir déi 20. Kéier a senger Karriär WM-Gold sécheren an domat de Rekord vum Landsmann Ole Einar Björndalen astellen

Biathlon

Bei den Häre konnt sech am Massesprint iwwer 15 Kilometer den Johannes Thingnes Bø WM-Gold sécheren. Den Norweger hat sech beim Schéissen ee Feeler geleescht, dat huet hien awer net dru gehënnert zu Nove Mesto no knapp 35 Minutten als Éischten op d'Arrivée ze kommen. D'Sëlwermedail ass mat engem Ecart vu 15.10 Sekonnen un den Andrejs Rastorgujevs aus Lettland gaangen an de Fransous Quentin Fillon Maillet ass mat 33.0 Sekonne Retard Drëtte ginn.

Am Massesprint vun den Dammen iwwer 12.5 Kilometer gouf et eng Victoire fir d'Justine Braisaz-Bouchet. D'Fransousin ass ouni Feeler a mat engem komfortabele Virsprong vun 31.20 Sekonnen op d'Italienerin Lisa Vittozzi op déi 1. Plaz komm. D'Lou Jeanmonnot huet de Podium mat engem Retard vu 56.70 Sekonne komplettéiert.

Schi Alpin

Beim Super G vun den Hären am norwegesche Kvitfjell huet sech de Vincent Kriechmayr seng zweet Victoire vun der Saison geséchert. Den Éisträicher louch um Enn mat 0.17 Sekonne virum Kanadier Jeffrey Read an 0.19 Sekonne virum Dominik Paris aus Italien. Kuriéis um Schlussresultat war op dësem Sonndeg, datt d'Retarde bis op d'Plaz 31 all ënnert enger Sekonn louchen.

Bei den Damme gouf et am Super G zu Crans Montana e knappe Succès fir d'Stephanie Venier aus Éisträich, dat sech mat engem Virsprong vun 0.04 Sekonne virum Federica Brignone behaapte konnt. Déi drëtt Plaz ass mat engem Ecart vun 0.15 Sekonnen un d'Marta Bassino gaangen.

Schisprangen

Zu Sapporo a Japan huet sech e Sonndeg de Slowen Domen Prevc mat zwee staarke Spréng duerchgesat. Mat 273.60 Punkte stoung hien um Enn virum Ryoyu Kobayashi (269.80 Pkt.) an dem Kristoffer Eriksen Sundal (261.70 Pkt).