Tornado gewënnt héich zu Metz

© Tornado Luxembourg / Facebook
Am Äishockey huet den Tornado an der drëtter Divisioun a Frankräich kloer 16:1 zu Metz gewonnen.
An der Tabell bleiwen d'Lëtzebuerger domat op der zweeter Plaz, dat mat dräi Punkte virun Evry op der drëtt Plaz. Den nächste Samschdeg kënnt et dann op der Kockelscheier zum wichtegen Duell géint den Drëttplacéierten. Eng Victoire ass hei eminent wichteg fir op der zweeter Plaz ze bleiwen, ma dat gëtt no der knapper 5:4-Victoire zu Evry awer eng schwéier Aufgab fir d'Lëtzebuerger Ekipp.
Mat enger Victoire géif ee sech direkt fir d'1/8-Finalle vun de Play Offe qualifizéieren, ouni mussen den Ëmwee iwwert d'1/16-Finallen ze maachen. Wichteg ass dat virun allem och, well d'Partie vun de 1/16-Finallen op déi Woch fält, wou d'Nationalekipp bei der WM (Div 3a) op Kirgistan trëfft. An deem Fall hätt den Tornado also keng Ekipp disponibel.