Bertemes, Grailet, Van der Weken an Hoffmann bei Indoor-WM dobäi

© AFP
En Donneschdeg huet d'FLA matgedeelt, wéi eng Athlete Lëtzebuerg bei der Liichtathletik-Indoor-WM zu Glasgow vertrieden.
Am Bommstousse wäert de Bob Bertemes mat dobäi sinn, deen Ambitiounen op eng Medail huet. Och d'Patrizia van der Weken, déi iwwer 60 Meter un den Depart geet, dierf sech Hoffnungen op eng gutt Placéierung maachen. Iwwer 1.500 Meter ass d'Vera Hoffmann dobäi an de François Grailet wäert iwwer 60 Meter Hecken un den Depart goen.
De Charel Grethen hätt och kënne mat dobäi sinn. De Lëtzebuerger huet sech awer decidéiert, sech op den Training ze konzentréieren, fir sech esou, wann d'Outdoor-Saison ugeet, fir Olympia ze qualifizéieren.
D'Indoor-WM ass vum 1. bis den 3. Mäerz.