Am Schisprange goufen et Victoirë fir d'Eva Pinkelnig an den Timi Zacj.

Um Samschdeg den Owend stoung am Schi Alpin de Riseslalom zu Palisades Tahoe a Kalifornien um Programm. Op en Neits gouf et hei eng Victoire fir de Marco Odermatt, dee 0,12 Sekonne méi séier wéi den Henrik Kristoffersen war a sech domat iwwer säi 7. Succès bei engem Riseslalom an dësem Wanter freeë konnt. An der Gesamtwäertung huet de Schwäizer domat e Virsprong vun iwwer 1000 Punkten, woumat hien net méi anzehuelen ass. Domat kann den Odermatt sech virzäiteg iwwert seng drëtt Gesamtvictoire um Stéck freeën.

Zu Oberstdorf an Däitschland konnt de Slowen Timi Zacj sech an enger spannender Kompetitioun am Schisprangen viru sengem Landsmann Peter Prevc duerchsetzen. Dem Prevc hunn um Enn 4,2 Punkte fir säi 24. Weltcup-Succès gefeelt, nodeems den Zacj sech mat Spréng iwwer 230 Meter 449,3 Punkte geséchert hat. De Stefan Kraft aus Éisträich huet et mat 440,3 Punkten op déi 3. Plaz gepackt.

Bei den Damme konnt d'Lokalmatadorin Eva Pinkelnig sech zu Hinzenbach an Éisträich iwwer d'Victoire freeën. Mat 243,1 Punkte konnt si sech knapp virun hirer Landsfra Jacqueline Seifriedsberger duerchsetzen. Komplettéiert gouf de Podium vum Katharina Schmid aus Däitschland.

Am Schi Alpin huet de Super G an Italien wéinst ze vill Neischnéi um Samschdeg missen ofgesot ginn.