Jonk Lëtzebuerger an der Competitioun mat Sportler aus der Groussregioun
Dëse Weekend konnte sech déi ganz jonk Liichtathleten an enger internationaler Kompetitioun beweisen.
Fir déi meescht vun de jonke Liichtathleten ass dëse Verglach mat Selektiounen aus der Groussregioun den éischte Kontakt mat internationale Kompetitiounen. Och fir déi Responsabel vun der Federatioun ass et e besonneschen
Ament, wann d'Trikote mam Logo vu Lëtzebuerg hannendrop verdeelt ginn.
Sou en internationale Verglach huet eng Bedeitung fir d'Federatioun wéi och fir d'Athlete selwer, fir ze gesinn, wou se sech situéieren am Verglach mat Gläichaltregen aus der Groussregioun.
Eis bescht Liichtathleten van der Weken, Bertemes, Grethen, Hoffmann, Rausch a Mathias hunn och déi verschidde Strukture vun der Federatioun erlieft. Mat 5 Joer kënnen d'Kanner op eng spilleresch Aart a Weis d'Liichtathletik entdecken, duerno kënnt dann den Challenge Tageblatt, wou a verschiddenen Disziplinnen Erfarunge gesammelt ginn
Méi spéit besteet dann d'Méiglechkeet, fir sech an där Disziplin ze spezialiséieren, déi am meeschten dem Gabarit, der Motivatioun an der Perséinlechkeet entsprécht.
Bei der U16 besteet dann och schonn d'Méiglechkeet, fir en nationale Rekord an dëser Kategorie opzestellen. Dat war dem Kayan Helminger bal iwwert d'60 Meter Hecke gelongen. Dëse Verglach bei de Jonken tëscht 14 a 16 Joer konnt d'FLA fir sech decidéieren.
Den nächste Weekend sinn dann d'U18 an d'U20 un der Rei.