De leschte Match an der Haaptronn gewënnt den Tornado viru knappen 1000 Spectateuren op der Kockelscheier mat 9:0 géint Evry 2.

No der Victoire géint Evry 2 schléisst den Tornado d'Haaptronn op der wichteger 2. Plaz an der Tabell of.

Am 1. Drëttel hunn d'Lëtzebuerger sech nach relativ schwéier gedoen, och wann een no 20 Minutten duerch de Gol vum Colm Cannon mat 1:0 a Féierung louch. Am 2. Drëttel huet een dunn an der Offensiv e Gang eropgeschrauft. Mat Goler vu Leonard (2x), Holodkovs, Maurer an Dahlgren huet ee relativ séier fir eng Virentscheedung gesuergt. Am leschten Drëttel huet de Conor Leonard nach eng Kéier all säi Kennen gewisen an huet mat 3 weidere Goler fir 9:0 d'Schlussresultat gesuergt.

Een Éierentreffer ass de Gäscht net mei gelongen, dat awer och well de Jesse Miquel am Gol vun den Tornados e feelerfräie Match gespillt huet.

An 2 Woche steet dann de nächste Match fir den Tornado um Programm. An der zwëschenronn heescht de Géigner dann Dijon oder Briançon. Dëst entscheet sech den nächste Samschdeg am Grupp D wou Briançon an Dijon ëm déi 1. Platz an hirem Grupp kämpfen.