Stefan Kraft flitt zu Oberstorf am Weitsten

© AFP (ARCHIV)
De Podium komplettéieren de Peter Prevc an den Ryoyu Kobayashi.
Beim Schisprangen zu Oberstdorf an Däitschland sinn d'Athleten um Sonndeg vun der grousser HS 235 Schanz erof gesprongen. An dësem Fall schwätz een net mei vu Sprangen, mee vu Fléien. Gewonnen huet den Éisträicher Stefan Kraft mat Spreng op 224 a 217 Meter virum Slowen Peter Prevc an dem Japaner a Véier-Schanzen-Tournée Gewënner Ryoyu Kobayashi.
Am Schi Alpin ass bei den Dammen no e Samschdeg och e Sonndeg de Super-G zu Val di Fassa an Italien wéinst ze vill Schnéifall de Wiederkonditiounen zum Opfer gefall. Iwwerdeems huet d'Amerikanerin Mikaela Shiffrin annoncéiert dass si beim Weltcup den 9. Mäerz zu Are well hire Comeback ginn.