Vun e Freideg un a bis e Sonndeg mat ass an der Liichtathletik d'Indoor-Weltmeeschterschaft zu Glasgow a Schottland.

Ënnert anerem ass aus Lëtzebuerger Siicht d'Patrizia van der Weken mat dobäi an dat net ouni Ambitiounen. De ganze Wanter iwwer huet d'Patrizia van der Weken mat positiven Nouvellen op sech opmierksam gemaach. Virun allem am Januar, wéi d'Sprinterin deen eegene Lëtzebuerger Rekord op 7,09 Sekonne verbessert huet. Déi lescht Wochen elo virun der WM, war éischter Training ugesot. D'Patrizia van der Weken freet sech elo op d'WM an hofft, e gutt Resultat mat heem ze bréngen.

Egal wéi d'Resultat op der WM ausgeet, de Bilan vun der Wantersaison ass elo schonns méi wéi gutt. Mat deene Beschte vun der Welt kann d'Patrizia van der Weken sech aktuell och moossen. D'Lëtzebuergerin geet nämlech mat der siwent-beschter Zäit, déi dëse Wanter iwwer 60 Meter gelaf gouf, zu Glasgow un den Depart. Am Interview wollt d'Lëtzebuergerin sech net ze vill an d'Kaarte kucke loossen a sot, datt d'Finall villäicht méiglech wier. Op alle Fall géif si hiert Bescht maachen, fir esou wäit wéi méiglech ze kommen.

Och den Arnaud Starck, dem Patrizia van der Weken hiren Trainer, wëll keen ze grousst Zil envisagéieren, ma sot einfach, et géing ee probéieren, esou wäit wéi méiglech ze kommen. Datt d'Lëtzebuergerin als Nummer 7 an d'WM geet, gesäit hiren Trainer als positiv. Zanter dem Lëtzebuerger Rekord huet een de Fokus op d'Indoor-WM geluecht an et hofft een elo, datt d'Patrizia van der Weken op der WM a Beschtform ass.

D'Patrizia van der Weken wëll zu Glasgow jiddwerfalls ouni Drock un den Depart goen. Dat well si sech net ze vill iwwer alles Gedanke mécht a probéiert, alles ze relativiséieren.

Dem Partizia van der Weken seng Coursse sinn e Samschdeg zu Glasgow op der WM programméiert. Nieft dem Patrizia van der Weken sinn och nach d'Vera Hoffmann, de Bob Bertemes an de François Grailet aus Lëtzebuerger Siicht zu Glasgow mat dobäi.