Aner Lëtzebuerger wéi de Mathias Olesen oder de Marvin Martins stoungen um Sonndeg wéinst Blessuren net am Kader.

A Bulgarien gouf et eng kloer 3:0-Victoire fir ZSKA Sofia géint PFC Beroe. Den Enes Mahmutovic gouf an der 38. Minutt fir de Kapitän Mattheij agewiesselt, well dee sech verletzt huet. Sofia war deen Ament schonn 2:0 vir. Kuerz no der Paus sollt den 3. Gol falen. De Mahmutovic krut an der 89. Minutt déi giel Kaart gewisen. An der Tabell läit Sofia op der 3. Plaz, 3 Punkten hannert dem Tabelleleader Rasgrad, déi awer ee Match manner um Kont hunn.

An der 2. däitscher Bundesliga huet Elversberg mam Co-Trainer Raphael Duarte 0:3 géint Wiesbaden verluer. Elversberg hat kee gudden Dag erwëscht an huet eng verdéngte Néierlag missen astiechen. Elversberg bleift awer weiderhin am Mëttelfeld vun der Tabell. Beim 0:0-Remis vu Magdeburg zu Paderborn stoung den Eldin Dzogovic net am Kader.

De Mathias Olesen stoung wéinst enger Blessur net am Kader vun Yverdon an der Schwäiz. Yverdon huet sech zu Winterthur misse mat 1:2 geschloe ginn. An Éisträich huet de Marvin Martins bei der 2:1-Victoire vun Austria Wien zu Linz och blesséiert gefeelt.

Samsdeg

An der Bundesliga gouf et fir Mainz een 1:1-Remis géint Borussia Mönchengladbach. Wéi gewinnt stoung de Leandro Barreiro bei Mainz vun Ufank un um Terrain a krut an der 50. Minutt eng giel Kaart. Mainz verpasst et domat fir méi no u Plaz 15 erunzeréckelen a bleift op enger direkter Ofstigsplaz.

Fir Slovan Bratislava mam Gerson Rodrigues leeft et an der Slowakei weider exzellent. Mat 2:0 huet ee sech géint den Tabellendrëtte Spartak Trnava duerchgesat, woumat Bratislava elo eng Avance vu 16 Punkten un der Tabellespëtzt huet. De Rodrigues gouf an der Hallschent beim Stand vun 1:0 agewiesselt.

An der ieweschter Liga an der Belsch zitt St. Gilloise weider eleng Krees un der Tabellespëtzt. Mat 2:0 konnt ee sech souverän beim Ofstigskandidat Oud-Heverlee Leuven duerchsetzen, woumat ee wéinstens bis e Sonndeg ee Virsprong vun 11 Punkten op den Tabellenzweeten huet. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt am Gol.

Fir Bastia mam Florian Bohnert gouf et an der zweeter franséischer Divisioun ee wichtege Succès an der Lutte géint den Ofstig. Mat 1:0 konnt ee géint den Tabellesechsten Grenoble gewannen a sech domat eng Avance vun zwee Punkten op d'Ofstigsplazen erschaffen. De Bohnert stoung an der Startformatioun a gouf zur Paus ausgewiesselt.

An der éischter hollännescher Liga huet Vitesse Arnheim sech doheem misse mat 1:2 géint den Tabellendrëtten Twente geschloe ginn. De Mica Pinto huet op Säite vu Vitesse ugefaangen a gouf an der 75. Minutt beim Stand vun 1:1ausgewiesselt. D'Ekipp vum Lëtzebuerger bleift weider op Plaz 17 a kämpft domat géint den Ofstig.

An der drëtter däitscher Liga ass Waldhof Mannheim eng iwwerraschend Victoire géint den Tabelleleader Regensburg gelongen. Mat 3:1 konnt d'Ekipp vum Laurent Jans, deen an der 85. Minutt agewiesselt gouf, sech am eegene Stadion duerchsetzen. Mannheim bleift domat op enger Ofstigsplaz, kënnt dem rettenden Ufer awer méi no.

An der zweeter Liga an Éisträich huet St. Pölten sech misse mat 1:3 géint Liefering geschloe ginn. Den Dirk Carlson stoung op Säite vu St. Pölten wéi gewinnt an der Startformatioun a krut no 25 Minutten eng giel Kaart.

Fir Sabah Baku gouf et an der ieweschter Liga am Aserbaidschan och ouni dee weiderhi verletzte Vincent Thill eng 2:0-Victoire géint Araz. Domat behält ee weider gutt Chancen op eng europäesch Qualifikatioun.

An der zweeter Liga an der Belsch huet Francs Borains géint Lierse K. de Kierzere gezunn. Mat 1:3 huet sech d'Ekipp vum Alessio Curci, deen net am Kader stoung, géint en direkte Konkurrent am Kampf géint den Ofstig misse geschloe ginn.

A Serbien huet de Seid Korac beim 2:2-Remis vu senger Ekipp Vojvodina zu Javor 90 Minutten duerchgespillt.

Freideg

An der Eredivisie an Holland huet den Yvandro Borges mat sengem Veräin Nijmegen mat 5:2 beim FC Volendam gewonnen. De Lëtzebuerger ass an der 73. Minutt ausgewiesselt ginn.

An der 2. Bundesliga huet St. Pauli auswäerts mat 1:3 géint Schalke de Kierzere gezunn. Den Danel Sinani souz bei der Néierlag vu sengem Veräin déi 90 Minutten iwwer op der Bänk. St. Pauli steet an der Tabell weider un der Spëtzt. Den HSV kéint mat enger Victoire allerdéngs de Retard op 4 Punkte reduzéieren.

An der 1. Liga a Polen huet Rzeszow mam Sébastien Thill mat 1:3 géint Miedz Legnica de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger huet de ganze Match duerchgespillt.