De Victor Bettendorf preparéiert seng olympesch Saison
Virun engem Joer zu Goeteborg huet de Victor Bettendorf als éischte Lëtzebuerger iwwerhaapt ee 5*-Turnéier gewonnen.
Virun engem Joer zu Göteborg huet de Victor Bettendorf als éischte Lëtzebuerger iwwerhaapt e 5-Stären-Turnéier gewonnen. Kuerz drop zu Paräis och de berüümte Saut Hermès. Um Enn vun enger ganz staarker Saison hat hie sech souguer fir d’Olympesch Spiller qualifizéiert. Ma Sprangreide mécht een zu zwee, a säin Erfollegspärd Mr. Tac huet elo en anere Reider.
No bei Valencia an direkt un der Autobunn stinn Dosende grouss Päerdscamioen an Unhänger aus ganz Europa. Wärend 6 Woche sinn op zwee Turnéier all Dag eng Partie Kompetitiounen vun ënnerschiddlecher Schwieregkeet. Déi annerhallef Méint ass de Victor Bettendorf mat enger Dose Päerd, senger Fra, den zwee klenge Kanner an enger Hëllefspersoun fir am Stall op d’Mëttelmierküst komm.
Am Reitsport brauch ee vill Kënnen, awer och Gedold, fir e jonkt Päerd op den héchsten Niveau ze bréngen. An et brauch ee Suen, fir sech déi Päerd kënnen ze lëschten, oder Besëtzer, déi engem hir Päerd uvertrauen. Vu Lëtzebuerg a München sinn och d’Charlotte an de Basile Bettendorf op Valencia komm. Och si liewe vum Reitsport. Wärend de Victor d’lescht Joer schonns héich Präisgelder gewonnen huet, verdénge si hir Sue virun allem nach mam Handel vu Päerd.
Säi bescht Päerd, de Mr. Tac, steet dem Victor Bettendorf zwar net méi zur Verfügung. No fënnef ëmmer méi erfollegräiche Joer ënnert dem Victor huet de Besëtzer et elo engem anere Reider ginn. Och de Basile Bettendorf huet schonns gutt Päerd missen ofginn. Hien ass zanter siwe Joer bei München selbststänneg an iwwerzeegt, datt de grousse Brudder säi Wee mécht.
De Victor Bettendorf ass iwwerzeegt, dat een am Reiden näischt dierf iwwerstierzen a sech no an no muss d’Vertraue vun de Päerd erschaffen, se kenne léieren a lues a lues u méi schwéier Parcoursen eruféieren. Hie schafft ganz enk mat senger Fra Adeline zesummen an de Schwéierpapp Michel Hécart ass joerzéngtelaang op héchstem Niveau geridden. Zanter véier Joer baut sech déi jonk Koppel an der Normandie zu La Roque-Baignard en eegene Betrib op.
Och am Reitsport sinn d’Olympesch Spiller. Dat heescht, vun de sechs Wochen zu Valencia huet de Victor Bettendorf profitéiert, fir déi zwee Päerd auszesichen, déi hien op deen Héichpunkt a knapps sechs Méint preparéiert.
Um Enn vun engem weidere laangen Dag huet d’Famill nach mam Charlotte am Stieche vun engem 3-Stäre-Sprange geziddert. Och déi grouss Schwëster hofft, de Victor Bettendorf am Summer beim Sprangen direkt nieft dem Schlass vu Versailles ze gesinn.