E Sonndeg am Nomëtteg sinn op der Liichtathletik-WM zu Tokio a Japan d'Finallen iwwer 100 Meter gelaf ginn.

Den Jamaikaner Oblique Seville (9,77 Sekonnen) huet bei der Liichtathletik-WM zu Tokio a Japan d'Course iwwer 100 Meter gewonnen a sech zum séierste Mann op der Welt gekréint. Säi Landsmann Kishane Thompson (9,82 Sekonnen) ass Zweete ginn, dat virum US-Amerikaner Noah Lyles (9,89 Sekonnen).

RTL

© YUICHI YAMAZAKI / AFP

Bei den Dammen huet sech d'US-Amerikanerin Melissa Jefferson-Wooden d'Goldmedail geséchert. Si huet an 10,61 Sekonnen fir en neie Rekord op enger WM gesuergt. Iwwer Sëlwer konnt sech d'Jamaikanerin Tina Clayton (10,76 Sekonnen) freeën a Bronze ass un d'Julien Alfred (10,84 Sekonnen) vu St. Lucia gaangen.

RTL

© KIRILL KUDRYAVTSEV / AFP

An der 100-Meter-Course vun den Damme war mam Patrizia van der Weken och eng Lëtzebuergerin um Depart. No enger schwiereger Saison war si an de Virleef eliminéiert ginn.

E Méindeg ass mam Ruben Querinjean nach ee Lëtzebuerger op der WM am Asaz. Hien hat sech e Samschdeg fir d'Finall iwwer 3.000 Meter Steeple qualifizéiert.