Trotz schwierege Wiederkonditioune mat Niwwel a Reen zu Kvitfjell a Norwegen huet d'Italieenerin der Konkurrenz keng Chance gelooss.

Nodeems de Start vun der Course am Super-G huet missen no hanne geréckelt ginn an et och wärend der Course Ënnerbriechunge gi sinn, huet Federica Brignone sech mat engem gudde Laf d'Victoire geséchert. D'Italieenerin huet fir d'Streck eng Minutt 37 Sekonnen an 30 Honnertstel gebraucht a war domadder 61 Honnertstel méi séi wéi d'Schwäizerin Lara Gut-Behrami. De Podium gouf vum Ester Ledecká aus Tschechien komplettéiert. Si ass 79 Honnertstel hannert der Gewënnerin ukomm.

Biathlon

An der Single-Mixed-Staffel goung déi éischt Plaz zu Oslo un den Duo aus Norwegen. D'Juni Arnekleiv an de Vetle Sjaastad Christiansen sinn no ronn 38 Minutten an 43 Sekonnen ukomm. Op der zweeter Plaz hu sech d'Anna Magnusson an de Sebastian Samuelsson aus Schweden klasséiert. De Samuelsson huet sech no engem flotte Finish op de leschte Meter missen dem Norweger geschloe ginn. Den Duo aus Finnland Suvi Minkkinen an Otto Invenius ass iwwerraschend op der 3. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer. Si haten e Retard vu knapp iwwer 31 Sekonnen op Norwegen.

An der Mixed-Staffel war de Quartett aus Frankräich net ze schloen. D'Julia Simon, d'Sophie Chauveau, de Fabien Claude an de Quentin Fillon Maillet waren um Enn ronn 32 Sekonne méi séier ënnerwee wéi Schweden. Déi drëtt Plaz mat engem Retard vu 35 Sekonnen an 90 Honnertstel goung u Norwegen.

Schisprangen

Zu Lahti a Finnland huet den Éisträicher Jan Hörl de Weltcup am Schisprange gewonnen. Hien ass 124 an 134,5 Meter wäit gesprongen an hat um Enn eng Avance vun 1,9 Punkten op de Sloween Peter Prevc op der 2. Plaz. Den Alexander Zniszczol hat e Retard vun 11,9 Punkten a gouf den Drëtten. Et war den éischte Podium am Weltcup fir de Sprénger aus Polen.