CAS
Spär vum Simona Halep gouf reduzéiert, Rumänin dierf nees spillen

© AFP
Den Internationale Sportgeriichtshaff CAS huet d'Doppingspär vum Simona Halep vu véier Joer op néng Méint erofgesat.
Well déi 32 Joer al Rumänin dës 9 Méint schonns hannert sech huet, duerf si direkt nees am Profitennis matspillen. Déi fréier Gewënnerin vu Roland Garros a Wimbledon war am Oktober 2022 wéinst Verstéiss géint d'Anti-Dopping-Bestëmmunge fir véier Joer gespaart ginn. De CAS huet dës Strof elo op 9 Méint reduzéiert.
Am meeschte gelies