326.000 Tickete fir d'Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Spiller

© BERTRAND GUAY / AFP
De franséischen Inneminister Gerald Darmanin huet offiziell annoncéiert, wéi vill Tickete fir d'Erëffnungszeremonie op der Seine an den Ëmlaf kommen.
Wéi hien en Dënschdeg am franséische Senat sot, wäerten et der 326.000 sinn. Vun dëse wäerten der 104.000 an d'Vente gesat ginn. Dat sinn d'Tickete fir d'Plazen direkt ënnen um Ufer vum Floss. Déi aner 222.000 Ticketen, fir d'Plaze méi wäit uewen, wäerte verschenkt ginn.
Am Ganze wäerten also 326.000 Spectateuren un der Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Spiller zu Paräis deelhuelen. Den urspréngleche Plang vun enger Zeremonie mat zwou Millioune Spectateure gouf wéinst Sécherheetsbedenke verworf. Trotzdeem wäert et déi gréissten Erëffnungszeremonie sinn, déi et jeemools bei modernen Olympesche Spiller gouf.