D’Jenny Warling ass eng vun den erfollegräichste Sportlerinnen zu Lëtzebuerg. Um Weltfraendag hu mir mat hir ënnert anerem iwwert de Fraesport geschwat.

D’Sportlerin kritt elo Ënn Mäerz 30 Joer an huet scho bei Europameeschterschaften dräi Medaile gewonnen: Gold, Sëlwer a Bronze. D’sportlech Ziler fir d’Joer 2024 si K1 Turnéieren an d’Europameeschterschaften am Mee. A fir 2025 ass d’Zil, sech fir d’World Games an d’Weltmeeschterschaft ze qualifizéieren.

"Ech sinn duerch meng Eltere bei de Karate komm, an dat scho mat 5 Joer. Dotëscht wollt ech och ëmmer mol nees mam Karate ophalen. Mee schlussendlech sinn ech do hänke bliwwen."

Mëttlerweil ass de Karate fir d’Jenny Warling Deel vun hirem Liewe ginn.

RTL

"Mir trainéiere mat de Männer"

Am Karate géif et fir d’Jenny Warling fir d’Frae keng Defiziter ginn. Positiv wier zum Beispill, dass ee mat de Männer géif trainéieren. Dat wier e klenge Virdeel, well d’Trainingen doduerch méi schwéier wieren, wéi herno d’Kompetitiounen.

Am Allgemenge géif et awer virun allem an den Ekippesportaarten nach Ënnerscheeder tëscht Männer a Frae ginn. Do géife meeschtens d’Männer-Ekippen dominéieren, et misst een awer gesinn, dass sech insgesamt scho villes verbessert hätt.

"Wat sech nach ka verbesseren, ass d’Mediatiséierung vum Fraesport. Wou een awer och an de leschte Joren e klenge Fortschrëtt gesäit."

Situatioun zu Lëtzebuerg

D’Karateka, déi als "Référente Qualité" am Staatslaboschafft, gesäit zu Lëtzebuerg elo net direkt Beräicher, an deene Fraen et méi schwéier hu wéi Männer.

"Fir mech hänkt dat méi vum Charakter a vun der Persoun selwer of, wéi vum Geschlecht. Well ob een elo eppes erreecht oder sech en Zil setzt, huet näischt mam Geschlecht ze dinn."