Bei den Damme war d'Sandra Lieners vum CA Belvaux iwwer 10 Kilometer daat Séierst.

Op der Cloche d'Or ass e Sonndeg de Moien déi 26. Editioun vum Postlaf gelaf ginn. Et war den Optakt fir déi nei Saison op der Strooss.

Iwwer 10 Kilometer konnt sech bei den Hären an enger Zäit vun 31 Minutten de Yonas Kinde d'Victoire sécheren. De Leefer vu Caritas Lëtzebuerg hat op der Arrivée e Virsprong vun 42 Sekonnen op de Charles van Hees. Dëse konnt sech am Sprint ganz knapps virum Yannick Lieners vum C.A. Bieles duerchsetzen.

Op d'Plaze 4 a 5 klasséiere sech de Valere Hustin an den Thibaut Maillot.

Bei den Damme konnt sech d'Sandra Lieners vum CA Belvaux an enger Zäit vu 37 Minutten an 2 Sekonnen déi 1. Plaz sécheren. Mat knappen 30 Sekonne Retard leeft Natalli Vialichkina op déi 2. Plaz. D'Anny Wolter vun der Fola leeft mat 40 Minutten a 4 Sekonnen op déi 3. Plaz.

Am Ganze sinn 2.438 Leefer iwwert de wäisse Stréch gelaf.