Mikaela Shiffrin feiert perfekte Comeback

© AFP
D'Amerikanerin gewënnt no laanger Verletzungspaus de Slalom zu Are a Schweden.
Schi Alpin
Mikaela Shiffrin ass einfach net ze schloen. No hirer laanger Verletzungspaus war et zu Are hiren éischte Weltcup-Slalom. An hei huet d'Amerikanerin hier Konkurrenz deklasséiert. Mat iwwer 1 Sekonn Virsprong gewënnt Mikaela Shiffrin virun der Kroatin Zriknka Ljutic an dem Michelle Gisin aus der Schwäiz.
Schisprangen
Beim Weltcup um Holmenkollen zu Oslo a Norwege gouf et eng Victoire vum Lokalmatador Johann Andre Forfang. Hannert dem Norweger kennt mat just 1 Punkt Retard de Japaner Ryoyu Kobayashi. De Stefan Kraft flitt op déi 3. Plaz.
Aktuell fannen direkt e puer Sprangen a Norwege statt, déi alleguerten zu Raw Air Tour gehéieren. Am General leit hei den Daniel Huber virum Stefan Kraft an dem Johann Andre Forfang.
Biathlon
De Johannes Thingnes Bö gewënnt no enger fulminanter Course a sprengt vu Plaz 17 op Plaz 1 no vir. Zu Soldier Hollow an den USA placéieren sech op d'Plazen zwee an dräi den Tarjei Bö an de Fransous Emilien Jacquelin. Bei den Damme gëtt et eng Victoire fir Clebere Jeanmonnot. Mat um Podium stinn d'Italieenerin Lisa Vittozzi an d'Julia Simon aus Frankräich.