Den Tornado huet an der Tëscheronn virun de Play-Offs beim Tabellenéischten aus der drëtter franséischer Divisioun, Briançon, 4:4-Gläich gespillt.

Dobäi ass de Match denkbar schlecht ugaange fir d'Lëtzebuerger. No 10 Sekonne louch e mat 0:1 a Réckstand. E staarke Golkipp Jesse Miquel huet dofir gesuergt dass en nom 1. Véierel nëmmen 1:2 am Hannertreffen louch. Am zweeten an drëtten Drëttel ass et hin an hier gaangen. Briançon huet ëmmer nees gepackt a Féierung ze goen, d'Lëtzebuerger konnten duerch eng gutt Moral awer ëmmer nees ausgläichen.

Ze erwänen ass nach dass den Tornado just mat 11 Spiller ugetrueden ass. D'Nationalspiller sinn aktuell op der Weltmeeschterschaft vun der 3. Divisioun a Kirgistan am Asaz. Am Retourmatch den 23. Mäerz op der Kockelscheier ass d'Ekipp dann nees komplett.