Dat wär e Paradigmewiessel mat wäitreechende Konsequenzen an esou e Changement ass am Regierungsprogramm net virgesinn.

Dat äntwert den CSV-Sportminister Georges Mischo op eng parlamentaresch Fro vum Francine Closener. D'LSAP-Deputéiert wollt vum Sportminister a vum DP-Educatiounsminister Claude Meisch wëssen, ob et de politesche Wëllen an der Regierung gëtt, fir speziell forméiert Sportenseignanten am Fondamental anzesetzen.