Walfer huet sech eréischt am fënnefte Saz géint Péiteng duerchgesat, wärend Mamer no véier Sätz géint d'Gym als Gewënner feststoung.

Spannung puer ass et e Samschdeg den Owend zu Walfer ginn. Nodeems sech an den 1/2-Finalle jeeweils den RSR a Péiteng ee Mol behaapte konnten, sollt d'Decisioun an engem drëtte Match falen. Hei wannen um Enn d'Damme vu Walfer no 5 Sätz mat 25:20, 23:25, 25:13, 23:25 a 15:8.

E Sonndeg huet sech Mamer mat 3:1 géint d'Gym duerchgesat a steet als zweete Finalist fest. D'Gym war gutt an de Match gestart a konnt den éischte Saz 25:19 fir sech entscheeden. Duerno huet Mamer awer opgedréint an der Lokalekipp keng Chance gelooss. Den zweeten (25:18) an drëtte Saz (25:17) gounge kloer un d'Gäscht. Am véierte Saz huet d'Gym nach eng Kéier alles probéiert, mee um Enn goung et net duer.

Beim Championnat vun den Häre kënnt et an der Finall zum Duell tëscht Bartreng a Stroossen.

Resultater Dammen