E Mëttwoch den Owend stoung am nationalen Dammefuttball den Tour préliminaire vun der Coupe um Programm.

Eng Iwwerraschung ass et dobäi zu Kielen ginn. Den Zweetligist konnt virun den eegene Spectateuren duerch ee Gol vum Salma Dyab mat 1:0 géint den UN Käerjeng aus der 1. Liga wannen an domat an déi zweet Ronn anzéien.

Am eenzegen Duell tëscht zwee Éischtligiste war et trotzdeem eng méi wéi kloer Saach. De Racing konnt sech hei nämlech mat 12:0 bei der Entente WMH duerchsetzen.

Och déi aner Toppfavoritten hunn hire Géigner an der 1. Ronn keng Chance gelooss. Sou gouf et fir Mamer eng 11:0-Victoire zu Lëntgen a fir Déifferdeng en 13:0-Succès zu Izeg.

Donieft sinn d'Entente Housen/Norden, Hesper (Forfait), Mäerzeg, Beetebuerg, Dikrech, Suessem (Forfait), Ell, d'Ent. Red Black/Steesel, Diddeleng a Jonglënster eng Ronn weider.