Swift Hesper krut op en Neits eng Transfertspär

© Val Wagner
Et sollen nees eng Partie Spiller vun der leschter Saison hir Salairen net kritt hunn.
De Weltfuttballverband FIFA hat de Swift réischt Mëtt Mee zu enger Strof vu 6 Transfertperiode verurteelt. 2 Méint méi spéit gouf dës dunn opgehuewen. D'FIFA kann esou Strofe verdeelen, wann zum Beispill Spiller géintiwwer dem Weltfuttballverband geklot hunn, hir Salairen net all kritt ze hunn, respektiv ee Veräin géint finanziell Virschrëfte verstouss huet.
Mëttlerweil hu weider Spiller beim Weltfuttballverband geklot. No dem aktuelle Stand däerf de Veräin vum Holleschbierg wärend 3 Transfert-Periode keng Spiller rekrutéieren. No der Decisioun vun der FIFA huet Hesper 40 Deeg Zäit, dës Zommen ze bezuelen. Am Fall, wou dat net geschitt, bleift d'Strof bestoen. Soubal de Swift d'Fuerderunge vun der FIFA erfëllt, gëtt dës Strof opgehuewen.
Dës Dette komme vun der leschter Saison. Et ass net ausgeschloss, datt nach weider Spiller bei der FIFA kéinte kloen. Dëst géing d'Transfertspär verlängeren.
Am Championnat steet de Swift no 6 Spilldeeg mat 10 Punkten op der 6. Plaz. Nodeems déi éischt Strof opgehuewe gouf, huet Hesper 17 Spiller virun dëser Saison rekrutéiert.