97. Weltcup-Victoire fir d'Mikaela Shiffrin

© AFP
No annerhallwem Mount Verletzungspaus konnt sech d'US-Amerikanerin eng weider Kéier beweisen.
Schi Alpin
Fir den Ofschloss vun der Schi-Alpin-Saison huet sech d'Mikaela Shiffrin an Éisträich déi 97. Weltcup-Victoire geséchert. No zwee Duerchgäng louch d'US-Amerikanerin am Slalom mat 0.54 Sekonne virum Mina Fuerst Holtmann an 0.63 Sekonne virum Anna-Swenn Larsson.
Bei den Häre gouf et am Riseslalom eng Victoire fir de Loïc Meillard. De Schwäizer konnt sech mat 0.71 Sekonne virum Joan Verdu Sanchez aus Andorra an 0.79 Sekonne virum Thomas Tumler duerchsetzen.
Biathlon
Am kanadesche Canmore sinn d'Dammen e Samschdeg op der Poursuite iwwer 10 Kilometer ugetrueden. No gutt 28 Minutten konnt d'Italienerin Lisa Vittozzi mat just engem Feeler am Schéissen als Éischt iwwert d'Arrivée fueren. 12.20 Sekonne méi spéit ass d'Lou Jeanmonnot aus Frankräich mat 2 Feeler ukomm an déi drëtt Plaz war mat engem Retard vun 19.40 Sekonnen an 2 Feeler fir d'Landsfra Justine Braisaz-Bouchet.
Schisprangen
Am norwegesche Vikersund konnten d'Dammen e Samschdeg net vun der Schanz sprangen. Op Grond vu schlechte Meteo-Konditiounen gouf d'Seance annuléiert.