Den Éisträicher gewënnt mat senger Victoire um Sonndeg och de Gesamtweltcup. Am Schi Alpin huet d'Lara Gut-Behrami mat der 10. Plaz de Weltcup gewonnen.

Schisprangen

De Stefan Kraft huet bannent e puer Stonnen zwee Titelen agesäckelt. E Mëtteg huet hie seng 13. Victoire an der Saison gefeiert an domat de Gesamtweltcup fir sech entscheet. Et ass déi drëtt Kristallkugel fir den Éisträicher a senger Karriär. Am Nomëtteg stoung e Sprangen vun der Raw-Air-Tour um Programm, wou de Kraft mat 671,9 Punkten Zweeten hannert sengem Landsmann Daniel Huber (689,2) gouf. Dat goung duer, fir sech och d'Gesamtvictoire an dëser Kompetitioun ze sécheren. Drëtte gouf de Sloween Timi Zajc.

Schi alpin

Am leschte Slalom vun der Saison zu Saalbach war den Timon Haugan de Séiersten. Den Norweeger hat um Enn 0,4 Sekonnen Avance op de Gewënner vun der Slalom-Disziplin, de Manuel Feller. De Linus Straßer, Zweeten am Slalom-Klassement, ass a senger leschter Course op déi drëtt Plaz gefuer (+ 0,44 Sekonnen).

Bei den Damme goung d'Victoire am Gesamtweltcup un d'Lara Gut-Behrami. D'Schwäizerin, déi dës Saison dominant war, huet sech mat der 10. Plaz déi kleng Kristallkugel an der Slalom-Disziplin geséchert. Mat dësem Resultat ass hir och d'Victoire am Gesamtklassement net méi ze huelen. Am Slalom gouf et en Zweekampf tëscht der Lara Gut-Behrami an der Federica Brignone. D'Italieenerin war am leschte Slalom vun der Saison déi Séierst an hat eng komfortabel Avance op d'Alice Robinson (+ 1,36 Sekonnen) an d'Thea Louise Stjernesund (+ 1,67).

Biathlon

An der Nuecht op e Sonndeg war déi lescht Course vun de Männer am Biathlon am kanadesche Canmore. Hei gouf et eng weider Victoire fir de Johannes Thingnes Bö, dee sech domat seng drëtt Victoire a Kanada séchere konnt. Mat dëser Victoire an der Verfollgung huet den Norweeger souwuel déi kleng wéi och déi grouss Kristallkugel gewonnen. De Kampf ëm Plaz 2 war bis zur Zillinn spannend. Et gouf e Fotofinish tëscht dem Sebastian Samuelsson an dem Eric Perrot, mam besseren Ausgang fir de Samuelsson.