Bei der 20. Editioun vum Nordstadsemi zu Dikrech hunn d'Anny Wolter an de Quinn Ballbach de Semimarathon gewonnen.

E Sonndeg de Moie war zu Dikrech den traditionelle Rendez-vous fir d'Leefer op der Strooss. Iwwer 10 Kilometer ass d'Vera Hoffmann mat enger Zäit vun 33'47'' en neien nationale Rekord gelaf an huet de viregte Rekord vum Jenny Gloden ëm bal eng Minutt verbessert. Op déi zweet Plaz koum d'Natalli Vialichkina aus Polen virun der Zsanett Moczo aus Ungarn, déi beim Celtic Dikrech lizenzéiert ass. Bei den Häre war d'Victoire iwwer 10 Kilometer fir de Bob Bertemes, deen an enger Zäit vun 32'10'' iwwer de wäisse Stréch gelaf ass. Zweete gouf de Christophe Kass (32'38'') vun der Fola Esch, dat virum Lokalmatador Daniel Reckinger (33'43'').

An der Haaptkategorie iwwer 21,10 Kilometer war den Amerikaner Quinn Ballbach an enger Zäit vun 1:10:33 de Séiersten, virum Belsch Alain-Claire Lecluse (1:13:53). Mam Eric Gonderinger kënnt de beschte Lëtzebuerger op déi drëtt Plaz (1:14:51). Bei den Damme war d'Anny Wolter vun der Fola Esch déi Séierst (1:25:35), dat virun der Saskia Daguenet vum CSL (1:25:39) an der Iwona Rek aus Polen (1:29:42).

Op der kierzter Distanz iwwer 5 Kilometer gouf et e Fotofinish tëscht dem Charel Schiltz an dem Damien Pechon, mam besseren Enn fir de Schiltz. Béid Leefer lafen enger Zäit vu 16'43'' iwwer de wäisse Stréch. Déi drëtt Plaz war fir de Miles Jones. Bei den Dammen huet d'Elena Lopes (18'10'') virum Carole Kill (18'37'') an dem Verity Sackett (20'15'') gewonnen.