De Weekend goufen um CNT zu Esch d'Finallen am Indoor-Championnat am Tennis gespillt.

Bei den Damme konnt sech d'Else Vander Stichele den Titel sécheren, dëst mat enger 6:1, 4:6. 6:1 Victoire géint d'Leila Fabbri.

Bei de Männer geet den Titel un de Gilles Kremer, dee sech mat 6:1, 4:6, 7:5 géint de Charly Berna duerchgesat huet.

Am Dubbel gewanne bei de Fraen d'Claude Nosbusch an d'Claudine Schaul a bei de Männer de Stephane Pordan an de Peter Torebko.

RTL